Responsive image

Formation


News - Jeunes

Eis Cadets hun geschter den leschten Match vun der Hinronn géint d'ENT Bissen/Brouch/Boevange mat 3-0 gewonn an hun domater den Champion vun der 4 Klass 1 Série realiséiert.

Gléckwënsch un d'Equipe an ihren Trainer den Steve Dehm.

Vu dass mer des Saison 2 Poussinsequipen ugemällt hun, hun mer dann och lo endlech en zweeten festen Trainer fonnt, an zwar an der Persoun vum Ben LUCIUS, engem "aalen Bekannten". Et freet eis dass heen ab sofort Deel as vun eisem Trainer-staff. De Ben huet och wäll een Deel vun der Formatioun hannert sech an mecht och weider dei neideg Formatiounen.
An engems bleiwt dann och ze soen dass mer frou sin dass mer een weideren Neizougang hun, an zwar de Christian BÜCHLER, deen ab November schon bei eisen Pupilles zesummen mam Yannick responsabel as. Och de Christian as mat dem Trainerschäin amgaang.

Mir wenschen hinnen vill Erfolleg, a soen hinnen lo schon merci vir hiren Asaatz.

Preparstiounen vir dei nei Saison laafen...mir hun och en départ ze vermelden: mir soen eisem Juniors-Trainer Janusz Pruchenski MERCI vir seng geléeschten Déngschter! Janusz alles Guddes vir deng Zukunft!

Eis Junioren gin dann iwwerholl vun engem aalen Bekannten! Welcome back Joel BRAGARD!

Wéinst senger Verletzung wou den Diddi ROCHA um Réck operéiert muss gin, kann heen eis Poussins des Saison net méi trainéieren. Mir wenschen him vill Gléck an dass heen schnell rem op d'Béen kënnt.
Heen gett ab sofort ersaat vum Edson NOVAIS, e jonken Trainer (24) deen mam Trainerschäin amgaangen as, deen aus der Régioun kënnt. Heen wunnt zu Ettelbreck an huet virdrun d'Minimes zu Bieles trainéiert. Bonne chance mat dengem neien Challenge an wëllkomm an eisem Trainerteam Edson.